M wéi Multikulturell

Diversitéit ass eise Credo: Knapp d’Hallschent vun eiser Bevëlkerung vun nëmme 680.000 Awunner setzt sech aus 180 Nationalitéiten zesummen. Méi wéi 230.000 Fachkräften aus Frankräich, der Belsch an Däitschland kommen all Dag iwwert eis Grenzen, verduebelen domat quasi déi aktiv Bevëlkerung a beräicheren zousätzlech eis kulturell a sproochlech Landschaft.