L wéi Lëtzebuergesch
Lëtzebuergesch ass eis Sprooch – eppes, wat vill Leit iwwerrascht, wann ee bedenkt, wéi kleng eist Land ass. Ronn 400.000 Mënschen op der ganzer Welt schwätze Lëtzebuergesch.
D’Lëtzebuerger Sprooch huet eng räich mëndlech Traditioun an haut setzt se sech och ëmmer méi am Schrëftlechen duerch, besonnesch an der digitaler Kommunikatioun. Niewent dem Lëtzebuergesche sinn eis offiziell Sprooche Franséisch an Däitsch: Mir si méisproocheg – an dat spigelt sech och an der Literatur erëm.

