U wéi Unique

Wousst Dir, datt Lëtzebuerg den eenzege Grand-Duché op der Welt ass?

Mir sinn eng parlamentaresch Demokratie a Form vun enger konstitutioneller Monarchie, vertrueden duerch de Grand-Duc. Eng aner besonnesch Eegenaart ass, datt zënter 1919 d’Walrecht allgemeng an obligatoresch fir Fraen a Männer ass, wat e laangjäregen Engagement fir politesch Gläichberechtegung reflektéiert.