O wéi Oppen Innovatioun

Als Facilitateur vun internationalen Echangen ass Lëtzebuerg e Laboratoire ënner fräiem Himmel, wou Studenten, Fuerscher, Entrepreneuren a Start-ups an engem Ökosystem vu räsonabler Gréisst interagéieren.

Lëtzebuerg ass net nëmmen e Pionéier an de Beräicher Raumfaartindustrie an Telekommunikatioun, mee och en industriellen Acteur, deem seng Technologien an Héichhaiser an a groussen Infrastrukture weltwäit agesat ginn.