U wéi IwwerraschUng

Wousst Dir, datt Lëtzebuerg den Tour de France 5 Mol gewonnen huet a gradesou dacks den Eurovision Song Contest? Et ass och e Land vu grousse Wäiner a Cremanten aus dem Museldall, déi reegelméisseg international fir hir Finess an hir frësch Notten ausgezeechent ginn.

Aner iwwerraschend Fakten: Lëtzebuerg ass d’Gebuertsland vum Hugo Gernsback, deen als Papp vun der Science-Fiction gëllt, vum Edward Steichen, deen déi modern Fotografie gepräägt huet, souwéi vum René Arend, deen d’Chicken Nuggets erfonnt huet!