R wéi Revelatiounen

D’Vicky Krieps, déi als Actrice schonn esou munch Auszeechnung krut, de Francesco Tristano, Pianist a Komponist, international unerkannt fir seng innovativ elektro-barock Approche, souwéi de Laurent Witz, Gewënner vum Oscar fir den Animatiounsfilm Monsieur Hublot, an d’Su-Mei Tse, ausgezeechent mam Léiw vun der Biennale de Venise, sinn all Gesiichter vun der Lëtzebuerger Konschtzeen.

D’Vitalitéit vun dësem kreativen Ökosystem gëtt duerch eng staark Kulturpolitik gedroen a vun enger Communautéit vun Talenter ënnerstëtzt, déi permanent wiisst.